Geschichten / Annoncen

Visite vun der Kofferminn zu Stolzebuerg, zesumme mam Arthur a Christian :

Mir hunn eis Sonndes muerges zou zwou Familljen mam Arthur um Parking bei der Schoul getraff. Du si mer an de Musee gaangen. Do hu mir schon eng Viranung kritt vun de Steng, déi mir eventuell an der Minn géinge fannen. Den Artuhr huet eis och Erklärungen zum Aarbechtsmaterial vu fréier an de Minne ginn.
Géint Mëtteg si mir de Wee erop bei d’Minn gefuer. Ennerwee krute mer al Agäng vu der Minn gewisen. Uewen huet de Christian op eis gewaart. Mir krute Material ausgeléint: Stiwwelen an Täscheluuchte plus Casquen, hunn eis ugedoen a sinn dunn duerch den Entwässerungsschacht an d’Minn gaangen. Dat huet e bëssi gedauert a war interessant, well de Gang gudd beliicht war an ee net bis un de Schluss gesinn huet. D’Waasser am Gruef war net ze héich, sou dass een agreabel goe konnt. D’Temperatur war kill, zimlech angenehm, well et dobaussen sou waarm war.
Wéi mer an der Minn ukoumen, huet den Arthur eis en Deel gewisen, dee rietser Hand louch, wou d’Touristen normalerweis net hin däerfen a wou d’Hielefuerscher am Moment schaffen. Dat war interessant ze kucken, well do huet een iwwerall Waaser gesinn erof lafen, op enger Plaz souguer e richtege Waaserfall.
Duerno si mer no lénks bis bei d’Glänner gaangen. Impressionnant fir eis a virun allem fir d’Kanner war dat Lach am Buedem, wou nach eng Leeder erof gaang ass, wat voller Waasser war. Den Arthur hat eis eng Geschicht vun engem belschen Taucher erziel, deen doranner getaucht war fir ze fuerschen, deen war ni méi erop komm ass an och net erem fonnt gouf. D’Kanner hunn dofir genaustens mat der Täscheluucht an d’Lach geliicht an nom Belsch geruff. Dat war witzeg, mee och e bëssi onheemlech.
Mir konnten och iwwert d’Gelänner klammen uewen al Minnegäng gesinn an de Buggy gesinn, deen d’Steng erausbefördert huet. A mir konnten an en Tunnel eraliichten, wouranner och no Koffer gesicht gouf. Et war impressionnant sech virzestellen, wéi mühsam dës Aarbecht gewierscht muss sinn. Den Arthur sot eis och dass ëmmer rem d’Loft sou schlecht do ënne war, dass d’Aarbechter d’Aarbecht hu missen ofbriechen. Mir hu fonnt, dass d’Loft och bëssi komësch gericht huet. An desem Deel vun der Minn huet een immens vill schéi Faarwen op de Steng gesinn: goldeg, selwerech, blo, türkis, mauve , giel a roudelsech. Mir hunn och kleng Stalaktitte gesinn. Den Arthur huet mech impressionnéiert, well hie wousst genausten all d’Nimm vun deene verschiddene Steng ze soen.
No bal enger Stonn si mir iwwert eng géi Leeder rëm eraus aus der Minn gaangen. Dobausse gouf ee vun der Hëtz erdréckt!
Mir hunn du gegrillt an eis an den hëlzen Kiosk gesat fir z’iessen. Ee Gléck dass deen do war, well mir goufe vun engem décke Wieder iwwerrascht!
Nom Iessen sollte mer nach Steng klappe goen. Leider ass dat net gaang, well d’Wieder nach ëmmer zimlech onsécher war. Glécklecherweis hat de Christian virgesuergt . Et stounen Eemere prett fir eis do, wouranner mer eis mat schéine Steng zerwéiere konnten. Mir haten souguer nach d’Méiglechkeet fir e puer vun dëse Steng ënnert dem Binokular ze kucken. Dat war och impressionnant, well et Steng gouf, déi op klengstem Raum ganz vill verschidde Faarwen an Zorte vu Gestengs vereenegt hunn. Den Arthur huet eis dat genaustens beschriwwen an eis eng Kaart gewisen, déi séng Duechter gemaach huet, mat all de wichtegen Uerten drop wou een déi verschidde Gestengszorte fanne kann. Mir konnten och op engem Plakat déi wichtegst Nimm vun dese Steng noliesen.

Mir soen dem Arthur a Christian an der Equippe vun den Hielefuerscher villmools merci fir dese wonnerbaren Dag vum 16. Juli 2018.

Jeanne, Tom, Pit, Max a Ben
Serge, Josiane, Mathis a Nicolas


Text aus der Zeitung SYNERGIE

De Regionalmagazin Atert-Wark vum Réidener Kanton August 2018.

  Späologie Museum